
Den David Cameron wäert sech freeën: De Jean-Claude Juncker gëtt nawell President vun der EU Kommissioun en plus kënnt säi langjähreschen rietsen Arm Luc Frieden elo op London.
E belschen Islamist gouf hei am Land festgeholl: D’Kris ass och bei den Terroristen ukomm. Soss wollten di Belsch Islamisten di Ameri-kanech Reseauen infiltréieren an elo probéieren si et zu Kanech.
WM Bilan: Di bescht op all Plaz gi geschwënn ermëttelt. Bei de Goalkeeper gëtt et vläicht de Manuel Neuer. Sécher ass et emol datt de Luis Suarez et bei den Zänn-ter Stiermer gëtt.
Sech selwer filmen ass in: Et ginn am Tour de France mëttlerweil Kameraen déi op d’Sëtzer vun de Cyclisten kënne fixéiert ginn fir méi perséinlech Opnahmen ze garantéieren. Wann also d‘Kamera um Sëtz vum Velo fixéiert ass schwätz ee vu selle-fie.
Supporter: Di richteg Fans fueren mat Fän-delen vun hiren Equipen um Auto ronderëm. E ganz prominenten Fan huet anscheinend en Argentineschen Fändel op sengem Däitschen Auto; et ass dat Fan-ziskus mat senger Papamobile.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...