
Lokales: Eng Elterevereenegung aus dem Süde vum Land hat sech bei der Rentrée opgereegt, well d’Schoulsäck vun de Kanner ëmmer méi schwéier ginn. D’Presidentin vun der Vereenegung schwätzt duerfir éischter vu Schoulpro-Kilo wéi vu Schoulpro-Gramm.
Economie: An der Stad gëtt et ee Spezialist fir Schlësselen nozemaachen. Et ass och hien, deen d’Schlëssele fir d’Regierungsmembere mécht. D’Geschäft heescht Minister-Minit.
Internationales: Eng ganz serieux belsch Etude hält fest, datt an Zukunft an de Spideeler 1 Zoppeläffel Sirup soll verschriwwe ginn an net 2 Kaffisläffelen. Domadder géif manner musse gespullt ginn.
Aarbechtswelt: An Däitschland goufen et vill Reklamatioune géint eng Busentreprise, déi andauernd neit Personal astellt. D'lescht war anscheinend de Chauffeur deen Eenzegen, deen de Wee net wosst.
Nach eng Noriicht aus dem Sport: Di international Vëlosfederatioun iwwerleet, fir den eelste Klassiker, an zwar Léck-Baaschtnech-Léck, ëmzedeefen, well d’Resultater vun de Lëtzebuerger exzellent sinn. Eng vun de Proposen ass et, fir de Klassiker an Zukunft Léck-Baaschtnech Sch-leck ze nennen.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...