Nofollesch vum Luc Frieden: Vü datt de Luc Frieden net méi Deputéierten wëll sinn an d’Tessy Scholtes net wollt noréckelen, huet d’CSV ganz séier missten d’Dokter Martine Mergen nominéieren. Am Fong ass et logesch datt eng Doktesch en Urgence oder en
„E-Mergen-cy“ aspréngt.

De Cancellara huet nees opginn: 2013 war de Spartakus net am Tour. Genee wéi 2012 huet de Cancellara och dëst Joer no der zéngter Etapp opginn. Schonn 2 Mol noeneen huet hien also nom zéngte Coursendag opgehalen. Hien ass wierklech richteg an der Equipe « Trek Factory Race Zéng Team ».

De Nibali dominéiert: Et ass net nëmmen well en Italiener dominéiert mä eng Nuddel ass den ideale Kascht fir all d’Cyclisten ob hannen am Peloton oder fir. Vunn hanne no fir gëtt Etapp jo och „Pate“ gelies.

Däitschland géint Argentinien: An eise Géigenden a besonnesch an Däitschland ass dat Argentinescht Fleesch eng Referenz. An der Final hunn di Däitsch sech besonnesch gefreet wéi de „Filet Argentin“ gewackelt huet. Am Beschten schmaacht de „Filet Argentin“ à points. Kee Wonner, datt deen den de Goal geschoss huet, Mario Götze heescht a mat
o an 2 Punkte geschriwwe gëtt.

Emotional Selecao: Di Brasilianesch Nationalspiller haten op der WM dacks gekrasch esouwuel no Victoiren wéi no de blammabelen Defaiten. Di Tréinenausbrëch koumen esou spontan datt e gemengt huet si géifen se um Training tréin-éieren.

AUDIO: Flunkernews 28/14 vum Serge Olmo.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...