
Frënn vun Aphorismen a Wuertspillereien: Liest a lauschtert déi lescht Flunkernews vum Serge Olmo virun der Summerpaus - a laacht mat!
Limitatiounen op den Autobunnen: Elo am Summer steet heiansdo op den Autobunnen, datt ee wéinst den héijen Ozonwäerter muss méi lues fueren. Am internationale Protokoll vu Göteborg gouf festgehalen, wéi sech d’Natioune sollen punkto Pollutioun verhalen. Kee Wonner datt d’Ozon-Werther zu Goethe-borg fetsgehale goufen ...
Staarke Gilles Muller: Eisen Tenniskrack, dee jo vu Schëffleng ass, huet nees gewonnen; dës Kéier zu Recanati an Italien. Recanati ass bekannt an Italien wéinst der Industrie, déi Booter hierstellt. Kee Wonner datt sech e Schëff-lenger do wuel fillt.
Di verschidde Mailloten am Tour: De bekanntsten ass natierlech de Maillot Jaune. Wichteg ass och de Maillot Vert. An den héije Bierger hunn d’Coureure meeschtens de Maillot ganz op. Et misst dru geduecht ginn, nieft dem Maillot Vert och den Maillot Ou-Vert ze verdeelen.
Typesch Cyclissem: Besonnesch am Tour de France ginn d’Nimm vun de Liiblingscoureuren op d’Strooss geschriwwen. Di allerbekannst an erfollegräichst Cyclistë kréie spéider carrément eng Strooss, déi hiren Numm dréit.
Bedenklech Feststellung: Et ginn ëmmer manner Schüler an de Klassik. Eist Land brauch awer gutt Leit, déi do forméiert ginn. Wann dat esou weider geet, da maachen der ëmmer manner den Ofschloss Examen; et vermësst een esou lues d’Pri-manner.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt net méi bis de September. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...
Schéi Vakanz :-)