
Lokales: Vill Fraen zu Lëtzebuerg wëllen, wann hir Kanner grouss sinn, nees schaffe goen, fir doheem eraus ze kommen. Et ass just komesch, datt esou vill Frae grad bei "Hëllef Doheem" schaffe ginn.
Industrie: Et gëtt jo ëmmer méi schwéier, fir Bommen an d’Fliger ze schmuggelen. Eng Konstruktiounsentreprise fir Fliger, di Connections mat Terroristen huet, probéiert Fliger z’entwerfen, wou d’Bomme schonn direkt mat agebaut sinn.
Kultur: Et gëtt bei de Simpsons, déi hir 20 Joer Existenz feieren, keng Episode, wou di bekannt Cartoonfamill Indianer sinn. Et ass eigentlech logesch, well d’Indianer hu kee Bart.
Economie: 2 psychiatresch Spideeler hunn a Frankräich decidéiert, fir ëmmer méi enk zesummen ze schaffen. Et gëtt vun enger Fou-sioun geschwat.
Zum Ofschloss nach eng Noriicht aus dem Sport: Am Januar si mir wierklech erstaunt, wa mir gesinn, wéi wéineg bei eis gestreet gëtt am Verglach zum Ausland a besonnesch am Verglach zu der Rallye Dakar.
Lauschtert d'Flunkernews vum Serge Olmo
De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...