
Hëtzt bei den US Open: Et fält op, datt quasi no all Ballwiessel a viru bal all Zerwiss, d’Spiller en Duch bruecht kréien, fir sech of ze dréchnen. D’Balljongen, déi zu New York och Duchjonge kinnte genannt ginn, bréngen de Spiller ze drénken, ginn hinnen en Duch asw. Si bedéngen d‘Spiller quasi virun all Opschlag, wat jo e gudde Moment ass fir den Zerwiss.
Super Leeschtung: De Laurent Carnol ass bis an d’Finale vun der Schwamm EM komm. Hien ass an der Piscine, do wou vill Chlor ass, a sengem Element. Dat ass kee Wonner fir de Chlor-ent Carnol. D'Element Chlor huet de Symbol Cl wat och bei de Carnol Laurent passt.
Heemerfolleg: Eise Cyclist vun AG2R huet de Gala Tour de France Mémorial Marcel Gilles gewonnen. Hien ass den Éischte ginn, um Belval bei den Toweren, wou zu ARBEDs Zäiten ëmmer vill Gas eraus koum. Et war eng ganz wichteg Victoire fir den Ben Gaztower.
Polemik an Däitschland wéinst dem Péage: Scho méintelaang sinn d’Parteie sech net eenz, ween dann elo dee Péage soll bezuelen. Anscheinend soll en elo och fir Vëloe gëllen, awer just fir déi, déi normalerweis net sollen op der Strooss fueren. Dofir heeschen di Vëloe jo och Mauten-bike.
Vertrauenskris am Frankräich: Mat dem groussen Duercherneen a nees enger neier Regierung verléieren d’Regierungspartei an de Premier Valls ëmmer méi u Vertrauen. D’Leit froe sech, ob d’Sozialiste sech iwwerhaapt nach un d'Verspriechen vun 2012 erënneren oder hu si V-allsheimer.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...