
D‘Kierchesteier kënnt: D’Kierch muss an Zukunft fir sech selwer opkommen - wahrscheinlech mat där Steier. De Jesus ass jo vum Doud zeréckkomm. Ass et dowéinst, datt déi Steier un den « Impôt sur le revenu » gekoppelt kinnt ginn?
Referendum a Schottland: Wa si de „Jo“ ukräizen, da gëtt Schottland selbstänneg. Kee Wonner, datt grad d’Schotten e Referendum wëlle maachen an eng Case ukräizen. Et brauch een nëmmen hire Fändel ze kucken, dann huet ee verstanen, wisou si gäre Kräizer maachen.
D’Buch vun der Ex-Première-Dame: Dem franséische President seng Ex huet jo e ganz offensiivt Buch géint de François Hollande geschriwwen. D’Buch vu senger fréierer Frëndin gëtt vill am Ausland kaf. Et gëtt ex-portéiert.
Schueberfouer: Et ass keen Attraktiounspark wéi zum Beispill de Walygator, den Europapark oder d’Phantasialand. Et ass also e falsche Park, wat een ëmmer nees mierkt, well ganz vill Leit, fir ze kommen, falsch parken.
D’Vuelta hat 2 Coureure verluer: An der 16. Etapp, enger Biergetapp, waren 2 Coureure mat de Fäischt uneneen geroden. No der Etapp hat deen een oder anere gemengt, ee vun hinne misst de Maillot vum Beschten am "Classement par poings" kréien, mä si goufen aus dem Tour d’Espagne ausgeschloss.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...