
Eng lokal Informatioun, fir unzefänken: D'Gedrénkshändler hunn zu Lëtzebuerg beim Bilan vun 2009 nees festgestallt, datt am August vill manner Béier un d’Aarbechter aus dem Bausecteur verkaf gouf.
Di Period gëtt vu muenche Professionellen « Congé Alkoholectif » genannt.
Eng Noriicht aus der Medezin: Et ass jo gewosst, datt Leit, déi balucken, alles duebel gesinn. Et gouf elo eng Variant vun där Krankheet entdeckt. Wa verschidde Patienten mat dëser Krankheet zum Beispill d'Zuel 14 kucken, da gesi si d’Zuel 28.
Gesond Iessen: D’Majoritéit vun de Fraen an Amerika drénke Cola light, iesse Joghurt light ... a kafe soss Light Produiten. Eigentlech ass dat jo awer normal fir Fra-light.
Déierefrëndschaft: Ee ganz räiche Proprietaire vu Courseautoen huet no sengem Doud sengem Lieblingspäerd seng Autosammlung hannerlooss. Wann et net vill Autoe ginn mat 200 Päerd, da gëtt et awer elo op mannst e Päerd mat 200 Autoen.
Nach eng Noriicht aus dem Sport: Op den Australian Open, wéi bei all Tennistournoi, muss ee säin Handy ausmaachen. Eigentlech ass dat logesch, well op all Terrain ass jo e "Fest-Netz".
Lauschtert d'Flunkernews vum Serge Olmo
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...