SMS Affär am Familljeministère: D’Ministesch Corinne Cahen krut jo fälschlecherweis eng SMS vum Ex-Minister Marc Spautz, déi un de Pierre Jaeger sollt goen. Dat ass net ze verstoen, well Cahen a Jaeger si jo am Handyrepertoire wäit auserneen. Ausser de Spautz hätt de Jaeger ënner „Chasseur“ gesaved; da wieren Cahen a Jaeger ganz no beieneen…

Referendum a Schottland: England, Nordirland a Wales otmen op. Mä och a Wales ginn et Diskussiounen iwwert d‘Onofhängegkeet. An der Schwäiz fäerte si och, datt de wichtege Kanton Waliss sech wëll onofhängeg deklaréieren. No den Schotten wäerten also elo d’Walisser e Referendum organiséieren.

Homejacking a Carjacking ëmmer méi dacks zu Lëtzebuerg: Et ginn ëmmer méi efficace Systemer entwéckelt géint d’Déif. Zum Beispill ginn et Systemer, wou een d’Hausdier just opkritt wann een di richteg Fangerofdréck huet. Géint de Carjacking ginn et elo speziell Lënsen fir d’Aa. Just mat dësen spréngt de Moto un. Et sinn dat Kontaktlënsen.

Studententransport net méi gratis: D’Studente si net frou; si sinn elo gewuer ginn, datt si och eng Transportkaart vu 75 € kafen mussen. Vun elo mussen also all déi, déi kee Patron hunn, eng Jum-boss Kart hunn.

De Mulles huet knapp verluer: No der knapper Defaite géint d’Nummer 1 am Tournoi zu Metz houng der Lëtzebuerger Nummer 1 vun Ustrengung d’Zong bis zum Hals eraus. Et war dat also géint den Zong-a. Trotz Defaite war et eng staark Leeschtung vum Gilles Müller, dem Spiller vu Schiff-langue.

AUDIO: Flunkernews 32/14 vum Serge Olmo

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...