Cycliste WM; supert Resultat bei de Junioren géint d‘Zäit: Den Tom Wirtgen koum op eng exzellent 6. Plaz. Gewonnen huet de Lennard Klämne aus Däitschland 8 Joer no der leschter Victoire vun engem Däitschen an zwar vum Marcel Kittel aus Thüringen. De Kittel ass e grousst Virbild fir dës jonk Borschten. Kee Wonner datt en Thüringer d’Virbild vum Wirtgen ass.

Dammentournoi op der Kockelscheier: Wëll heescht jo op englesch „wild“. Vü datt den Organisateur vum Tournoi „wëll“ datt d’Mandy Minella am Haapt-Tableau ass, kritt hat eng „Wild Card“

Mal du siècle: Ëmmer méi Leit hu Problemer mam Réck a mat de Bandscheiwen. Et gëtt ëmmer méi dacks vun engem Bandscheiwe-vir-fall geschat obwuel et ëmmer hannen ass.

Klausurdag am Schlass Senning: D’Memberen vun der Dräierkoalitioun si sech eenz ginn fir d’Themen fir e Referendum. Wat de Bierger a noer Zukunft gefrot gëtt gouf also beim Senninger Bierg decidéiert.

F1 an Transfertsgerüchter: Et wier topp wann de zweemolegen Weltmeeschter Fernando Alonso bei d’Ecurie vun eisem Lëtzebuerger Gerard Lopez géif kommen. Vu Ferrari géif hien bei eise Gerrari goen.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...