
Hierschtklassiker: Dëse Week-End ass een vun de schwéiersten Klassiker vum Joer. Am Schluss vum ganz selektive Parcours kréien d’Profien d’Been esou schwéier wéi Bläi dat am Tour de
P-Lombardie.
E puer « Plans Sectoriels » goufen de Bierger presentéiert: Bei quasi alle Pläng muss den Iwwerrschwemmungen, déi ëmmer méi dacks virkommen an e riise Problem duerstellen, Rechnung gedroen ginn. Wéinst den Iwwerschwemmungen heeschen di Pläng och Plans Sec-toriels.
Geschwënn fix Radaren op eise Stroossen: Ganz dacks sinn di geféierlechst Plazen no bei Kräizungen an et sinn och do di meescht Accidenter. Déi Radaren déi hei installéiert ginn heeschen Kruzi-fix Radaren.
Légaliséierung vum Cannabis: Muench Unhänger vun de Majoritéitsparteien awer och aner Parteien wëllen de Cannabis legaliséieren. Domatter brauchen vill Leit net méi op Ams ze fueren. Verschidde Majoritéitsparteien wëllen dat an där Period färdesch bréngen wou si um Rudder sinn also an hirer Ams-zäit.
D‘Generique musse vun den Aptikter ugebuede ginn: Et gëtt och geschwënn en Doktorat proposéiert deen sech op déi Medikamenter spezialiséiere wäert. Den Dokter deen Spezialist ass fir déi Medikamenter ass dann e Generiquecologue.
De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...