Wirtschaftsvisite an Asien: Et ass zimlech evident datt den Wirtschaftminister Schneider den haapt Mann war a hien d’Finanzen während der Rees geréiert huet virun allem a Japan. Di Roll läit dem Et-Yen Schneider ebe gutt.

Problemer mam Waasser zu Lëtzebuerg : Dat ass eng Tatsaach. Am Stau si mer mam Waasser geplot a wann et op eisen Autobunne reent dann hu mer och wéinst dem Waasser eis Problemer am Stau.

Neie Interventiounsplang fir Cattenom: Et gi vill Artikelen an de franséischen Zeitungen iwwer „Problèmes génériques“  bei  de franséischen Atomzentralen also Problemer déi mam Genre selwer vun den Zentralen ze dinn hunn. Kee Wonner dat mer elo Jodpëllen ausgedeelt wäerte kréien. D’Fro ass ob dat dann Generique Jodpëllen wäerte sinn?

Et ass nees Zäit fir sech impfen ze loossen: D’Grippenimpfung ass wichteg fir net de Schnapp ze kréien answ. Heifir ass och d’Vitamin vum Grupp C gutt. A propos;  am Grupp C hunn eis Fussballspiller schonn 10 giel Kaarte kritt. Si mussen onbedéngt ophalen mat Rippen. Fir si wier also éischter eng Rippenimpfung ubruecht.

Den Andy Schleck zitt sech zeréck: De Gronn ass well säi Knorpel vum rietse Knéi komplett futti ass. Hien huet alles probéiert; Kiné an aner Therapien fir d‘Knorpelen. Hien huet och Medikamenter geholl mä et ware net di richteg Knor-Pëllen.

De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...