
Lokales: Verschidde Spideeler bidden Therapien u fir d'Flugangscht ofzebauen. An der Stad ass eng Therapie zougemaach ginn, well d’Phobie vu munche Patienten esou grouss war, datt elo den Therapeut Angscht virum Fléien huet.
Lëtzebuerger Gesondheetssecteur: D'Caisse Nationale de Santé huet decidéiert, datt, wann een no enger Schéinheetsoperatioun net schaffe ka goen, een elo en neien Ziedel kritt an zwar heescht dëse Kranke-schéin ...
Eng Nouvelle aus dem Verkéier: Et gi jo vill Leit, déi Auto-collanten vu Villercher op hir Fënstere pechen, fir datt d’Villercher net an dës rennen. A Schweden ginn et elo ëmmer méi Leit, besonnesch bei Glatäis, déi sech "Abziehbiller" vun Autoen op hir Gefierer pechen, fir dat kee méi dra knuppt.
Economie: En Economist huet erausfonnt, wisou Island esou gutt wéi faillite ass. D’Economie ass d’Baach ofgaangen, well zanter kuerzem Primen ausbezuelt gi fir d’Nuetsschichten. Dee Moment, wou d’Polarnuecht ass, gëtt dat eng Deier.
Nach eng Noriicht aus dem Sport: Anscheinend sinn d’Poliziste ganz serieux beim Sport. Wann een nämlech engem Polizist e Béier proposéiert, wann dëse grad am Gaangen ass, de Ball am Tennis un ze schéissen, dann ass d’Äntwert dacks: "Nee merci, keen Alkohol während dem Service".
Lauschtert d'Flunkernews vum Serge Olmo
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...