
Accident bei den aktuellen Luuchten- a Pneuekontrollen: E Polizist gouf blesséiert, wéi hien engem Däitschen Chauffeur seng Luuchten kontrolléiert huet. Nodeem hien „Standluuchten“ geruff huet hat hien „Stoppluucht“ gesot an dono huet hie „Pharen“ geruff. Den däitsche Chauffeur ass gefuer an huet de Polizist op d‘Schëpp geholl.
D’Kierch evoluéiert: De Poopst schéngt méi tolerant ze ginn mat den Homosexuellen. Vill Leit, déi dat net gutt fannen, haten dat scho gesi kommen, wéi hie säi Numm erausgesicht hat, well San Francisco d’Héichbuerg vun den Homosexuellen ass.
Budget vun der neier Generatioun: Soss, wéi de Budget op Pabeier publizéiert gouf, war dat ganzt Budgetsgesetz Dausende vu Gramm schwéier. Elo ass de Budget e Fichier vun e puer Mega. Merci, deemno dem Pierre Gramm-Mega fir de neie Budget. De Pierre huet eis aus der "Stein-zeit" geholl.
Akafssonndeg virun Allerhellgen: Et ass e bëssen eegen, datt grad deen oppene Sonndeg, wou bal nëmmen Fraen profitéieren, fir akafen ze goen, Mann-telsonndeg genannt gëtt.
Ausgrenzung am Fussball: Elo wou d’Saison eriwwer ass, am Fussball am Sand, gouf engem Diabetiker matgedeelt, datt hien di nächst Saison net méi kinnt matspillen. Si sinn heiansdo wierklech streng am Beach Zocker.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...