Aarbechtsvisite: De Pierre Gramegna war an de Vereenten Arabeschen Emiraten. Hien war also beim Emir. De PrEmir Xavier Bettel war méi spéit nogeflunn. Eise Regierungschef hat wuel dohannen keen Turban un awer vläicht e Foulard.

Allerhellgen: Wann ee stierft dann ass dat wéi wann een en Aller-Ticket fir de Jensäits géif huelen ouni Retour. Vläicht heescht dofir dee Feierdag Aller-Hellgen.

Schutz virum Ebola-Virus: Di meescht Airlines an Amerika wéi och d’Air France a vläicht och geschwënn d’Luxair moossen no der Landung de Féiwer vun de Passagéier déi aus verschiddene Afrikanesche Länner kommen. Vü datt et Fluchgesellschaften sinn, maachen si dat mam
Th-Air-mometer.

FCB beim Pontifex: Nom Goalerfestival an der Championsleague zu Roum hat den FC Bayern eng Audienz beim Poopst. Nom 7-1 war et berechtegt vum Poopst Ber-goal-io emfangen ze ginn.

Froen fir de Referendum: 4 Froen ginn 2015 gestallt. Vill Leit wéi och muench Deputéiert wollten eng Fro iwwert d’Monarchie stellen. Esou eng Fro gëtt net gestallt obwuel et ganz aliichtent ass bei engem Refe-reine-dum eng Fro iwwert d’Monarchie wëllen ze stellen.

AUDIO: Flunkernews 37/14 vum Serge Olmo.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...