
Vill Attacken ëm Halloween: Et ass a villen Aquarien festgestallt ginn datt an der Woch vum 31. Oktober komesch aggressiv Fësch aner Fësch ugegraff hunn wat fir Panik gesuergt huet. Et ass elo erausfonnt ginn datt et Klonefësch waren.
Dronen iwwer verschidden Atomzentralen am Frankräich: Di Dronen sinn och iwwer di geféierlech Zentral vu Cattenom geflunn wou et dacks Fuiten ginn. Vü datt di Dronen beim Iwwerfléien vun den Zentralen cancerigène Substanzen ausgesat goufen, ass et kee Wonner datt en Drone ausgesäit wéi e Kriibs.
Bankgeheimnis opgehuewen: Ab Januar 2015 gëtt et kee Bankgeheimnis méi fir déi Leit déi net zu Lëtzebuerg wunnen. Wann di Leit déi a Fro kommen net am Grand-Duché heiheem sinn, firwat gëtt dann vu Bankge-heim-nis geschwat?
Staatsvisite: De Joachim Gauck a seng Liewenspartnerin Daniela Schadt waren 3 Deeg laang hei am Land. Et gouf zimlech diskret gehalen ob di däitsch Première Dame eis Gesondheetsministerin getraff huet. Et kinnt een nämlech driwwer lästeren wann d’Schadt bei der Mutsch gewiescht wier…
Falsch Zwillingen; de Charles Michel kuerz op Visite zu Lëtzebuerg: Eise „Vice-Premier Ministre“ huet e ganz berühmte Selfie mam Belsche Premier gemaach. Säin Handy huet 2 Mol dee fotograféiert deen op de Knäppchen gedréckt oder gläichen sech de Belsche Premier an eise „Sel-fiece-Premier Ministre“ esou vill ?
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...