
Den Autosfestival zu Lëtzebuerg: Wat war dat e Stress. Ech si vu Bank zu Bank gelaf, fir de beschte Prêt ze kréien. De leschten Dag hat ech dann och de beschte Prêt fonnt an do hunn ech nach missten de richtegen Auto sichen.
Valentinsdag: Kuerz viru Valentinsdag freet d'Madame hire Mann, wéini datt si fir d'lescht Chocolatë fir Valentinsdag geschenkt krut. Dem Mann seng éierlech Äntwert: "Ech mengen, Stupp, dat war viru 25 Kilo."
Déierefrënn: Am Normalfall seet een de Leit mat Hënn Moien, well een d’Leit erëmkennt. Am Wanter sinn d’Leit esou déck vermummt, dat een hinne Moie seet, well een hiren Hond erëmkennt.
Koppelen am Ausland: An Australien komme statistesch gesi ganz vill Koppelen no enger Trennung nees zesummen. Kee Wonner, beim Bestietnes schenke si sech e Braut-boomerank.
Nach eng Sportsnouvelle: Et gouf nom Footballmatch vum Goalkeep gesot, hien hätt net gutt gespillt, well hien emol keng 3 Bäll gehalen huet. De Bouf freet säi Papp, wéi hien dat dann hätt sollte maachen, et war jo just ee Ball um Terrain.
Lauschtert d'Flunkernews vum Serge Olmo
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...