Lëtzebuerg an der Kritik: Nom internationalen Steierskandal, bei deem mer mat der Schwäiz verglach ginn, wou tatsächlech ganz wéineg Steiere bezuelt ginn, war eist Land e puer Deeg drop nees an der Kritik. Noumer, Fëschbech an d’Fiels wollten net fusionéieren. Nees e Skandal; dës Kéier awer am Kontext „Petite Suisse“.

Fall vun der Mauer: Viru 25 Joer war dat en enormt Zeeche vu Fräiheet. Firwat maache mer dann am Fussball grad eng Mauer bei engem Fräi-stouss?

Attentat op d’Queen verhënnert: D’Elisabeth II ass jo bekannt fir ëmmer en Hutt, oder op Englesch „hat“, unzehunn. Kee Wonner, datt déi déi dës Deeg en Attentat wollte maachen Sympathisanten vum Dji-hat waren.

Spueren ass absolut Tromp fir Gambia: No der kuerzer Visite vum Belsche Premier Charles Michel war di iberesch Kinnekskoppel nach méi kuerz bei eis. Et ass punkto Suen ganz gutt opgepasst ginn. Et war jo och di spuer-nesch Koppel.

Kinneksklass: Am Fussball brénge mer et net färdeg, di Grouss aus Däitschland, England, Frankräich, Schweden asw. bei eis kommen ze loossen. Am Steierberäich ware mer awer definitiv an der Championsleaks…

AUDIO: Flunkernews 39/ 14 vum Serge Olmo

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...