
D’Gewerkschafte guer net zefridde mat der Regierung: Gambia huet definitiv näischt mat Relioun um Hutt. No der Trennung vu Kierch a Staat riskéiert et nom Accord vun OGBL, LCGB an CGFP eng Trennung ze ginn tëscht Staat an de Saint-dicats. Mer molen den Däiwel net un d’Mauer, mä et kënnt vläicht geschwënn zu enger grousser Demon-stratioun.
Nei Horairen am Fondamental: D’Schoule solle geschwë Méindeg a Mëttwoch bis 5 Auer funktionéieren. D’Léierpersonal wiert sech dogéint. Am Fong ass dat awer net onlogesch bis 5 Auer ze schaffe fir en En5gnant.
Lëtzebuerg-Ukrain: Et war e bësse komesch, datt di islännesch Goaler-Assistenten am EM-Qualifikatiounsmatch mam Virnumm Thoroddur an Thorvaldur geheescht hunn.
G20: De Wladimir Putin hat e schwéiere Sommet. Hien hat ëss genuch an ass éischter fortgaangen. Seng Ausried, fir éischter ze goen, war, datt hie midd wier an an d’Bett misst goen. Komesch, datt fir an d’Bett ze kommen, hie plëtzlech aus Austra-lit fortgoung.
De russesche President isoléiert: Den australesche Premier hat um G20 e Koala matbruecht, fir d’Atmosphär ze lackeren mä et war scho ganz däitlech eng grouss Koala-itioun géint de Wladimir Putin entstanen.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...