
Open End tëscht Regierung a Gewerkschaften: Virun der leschter Reunioun um Freideg war een dovun ausgaang datt et ganz laang géif daueren an datt vill mateneen gestridde géif ginn. D’Regierung an d’Gewerkschaften hate och schonn de Night Rider bestallt. Vü datt et awer zimlech harmonesch iwwer d’Bühn goung, gouf keen Night-Streider gebraucht.
D’Kommissioun huet d‘Confiance behalen: Di brong Noss-faarw gëtt allgemeng op politeschem Plang ugesinn wéi d’Faarw vun den extrème rietsen Parteien. Et sinn och déi Parteien déi de Jean-Claude Juncker wollten a Minoritéit setzen. De Nëss-trauensvote koum awer net duerch.
D’Schwäiz huet am Tennis d’Finale vun der Team WM gewonnen: D’Finale gouf am Frankräich bei enger Rekordkouliss gespillt. Well et um Fussballsterrain vu Lille programméiert war, konnt ee vu Coupe „Déi Wiss“ schwätzen.
Topesch Traditioun: All 4. Donneschdeg am November ass an den USA Thanksgiving. Traditionell treffen sech 2 Equipen vu 6 Spiller mat engem Goalkeeper. Eng Dinde gëtt als Ball geholl an „d‘Handball“ Regelen aus Amerika ginn ugewannt. Mat Recht wieren sech d’Déieren-Associatiounen géint „d’Dindeball“ Regelen.
Europa a Luxleaks: D’EU kann eis an eist Funktionnement net verstoen a wëll et och net. Wann een op de Site vun der EU-Kommissioun geet, dann stellt ee fest datt dësen a 24 Sproochen iwwersat ass awer natierlech net an eiser.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...