D’ABBL setzt elo op di ganz räich: De Chef vun der Associatioun vun de Banken a Banquieren huet dat der Norichtenagence Dpa matgedeelt. Wann een 20 Joer bei der ABBL schafft kritt een mëttlerweil do keng Aarmbandauer méi mä eng Räichbandauer.

Méi Kameraen fir d’Polizisten an den USA: D’Polizisten maachen zevill tragesch Feeler an den States. D’Ausrieden sinn ëmmer déi selwecht. D’Polizisten soen si hätten net gutt gesinn. Wann also d’Polizisten soen „D‘Hänn an d’Luucht“ da wieren d’Leit gutt beroden hier Hänn op eng beliichte Plaz ze halen also d’Hänn an d’Luucht ze halen. Dat gëtt dann en plus an Zukunft nach gefilmt.

Neit Prostitutiounsgesetz an der Maach: Eis Koalitioun, déi jo absolut op d’Spueren aus ass, huet dat wëlles. Et kommen jo vill Prostituéierter aus Afrika fir op de Stréch ze goen bei der Staater Gare op deene Plazen wou d’Autoen fueren oder bei de Bus-Spueren. Di schéin Dammen déi aus Gambia kommen erkennt een direkt. Si sinn do wou een d’Spueren gesäit.

Endlech krut den Andy Schleck säin Trophée: 4 Joer no senger Victoire huet hien vum President Hollande d‘“Vase de Sèvres“ krut. Wéineg Leit wossten datt dat Fest géif organiséiert ginn. Just e puer Leit déi d’Zukunft viraus kënne soen waren au courant. Et sinn dat Wase-sager.

Et geet monter weider mat den Abréch: Meeschtens ass dat bei de Leit doheem. Statistesch gesinn sinn no 8 Auer di meescht Abréch an den App8tementer a no 9 ass erausfonnt ginn datt haaptsächlech d‘Abréch an aneren Wunn9en geschéien.

AUDIO: Flunkernews 42/14 vum Serge Olmo

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...