Valentinsdag zu Lëtzebuerg: Laut enger Statistik déi hei am Land op Valentinsdag gemaach gouf, ginn et de 6. Dezember esou vill Kanner di un de Kleeschen gleewen wéi et Erwuessener ginn déi den 14. Februar un de Kleeschen gleewen.

Autoswelt: An Däitschland sollen et Garagen ginn déi guer keng Toyotaen méi verkafen mä just verléinen well se souwisou nees zeréck an de Garage mussen.

Neit Joer a China: A China maachen si fir dat neit Joer alles fir d’Awunnerzuel an de Grëff ze kréien. Elo hu se esouguer de Schluss vun de Märecher geännert. „...d’Prinzessin an de Prënz liewe nach haut a sinn glécklech an zefridden; si si bestuet a wëlle keng Kanner.“

Traffikkontrollen: De Fuesweek-end goufe vill Alkoholskontrolle gemach. An engem Auto suuzen 4 Raoulen. Just de Chauffeur hat ze vill gedronk.

Sport: Parallel sollten zu Vancouver d’Olympesch Wanterspiller vun den Déieren organiséiert ginn. D’Spiller hu misste verluecht ginn, well ganz vill Déieren di ugemellt waren, awer am Wanterschlof sinn.

De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens...