
Eng aner Affär Lux-leeks zu Lëtzebuerg: Leeks heescht Porretten op englesch. Geschwë ginn hei am Land nëmme nach 30 Poren vum Staat fianzéiert. D’Kierch kämpft fir datt déi eng oder aner méi soll gerett ginn; si setzt sech deemno an fir d’Por-retten.
Extreme traureschen Rapport: D’USA hunn an hire Prisongen verschidden Terroristen gefoltert wat absolut inacceptabel ass. Och wann 2001 d’Destructioun vun den zwou „Zwillings Touren“ den Ulass heifir war kann dat d’“Torturen“ vu Prisonnéier net justifizéieren.
Ëmmer méi Gluten Intoleranzen: Theoretesch mussen elo all d’Allergènen opgeschriwwen ginn laut enger EU Direktiv. Gëllt dat och fir de Chrëschtmaart? Deemno mat wat een de Glühwäin würzt kinnt een effektiv e Problem kréien am Fall vu Glühten-Intoleranz.
Brutalitéit am Dammefussball: De 6. Dezember goufen zu Wolz d’Dammen vun der Housener Equipe op eng brutal Manéier attackéiert. Op Kleeserchersdag hu verschidden Wëlzer Spillerinnen d’Roll vum Housen-iker gespillt.
Nowuess zu Monte Carlo: Dem Prënz Albert den 2. an dem Charlène hir Zwillingen si jo elo gebuer. De Bouf koum no senger Schwësterchen op d’Welt mä hie gëtt de Nofolger vum Albert. Well hien no senger Schwëster gebuer ass gëtt hien, genee wéi säi Papp och, Jacques den 2. genannt.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...