Problemer am Kontext Ofschlossexamen: Wann d’Premières- an Treizièmesexame geschriwwe ginn, gi bekanntlech all Joer vill Fässer Béier gedronk. E Faass ass am Franséischen jo e « Fut ». De Minister huet de 1 500 Correcteuren vun den Examenskommissiounen hir d’Demissioun refuséiert. Et gouf also e Re-fut bei de Pro-fässer.

D’TVA Taux geet an d’Luucht : Verschidden fanatesch Béierdrénker hu sech näischt schlechtes dobäi geduecht. Béier huet en Alkoholstaux tëscht 3% a 5%. Si fannen et esouguer gutt datt den Taux vum Béier elo op 17% klëmmt.

Grausame Vandalismus ëm d’Feierdeeg : Ëmmer méi dacks ginn déck Steng vu Brécken op Autoen erofgeschoss wat fatal Konsequenzen kann hunn wéi dës Deeg an der Belsch. Hei am Land fäert een datt dat och kinnt virkommen. Eng Sektioun an der Gemeng Monnerech ass besonnesch a Gefor an zwar ass dat Stee-brécken.

Et gëtt vill iwwer Streiken geschwat: A ville Secteuren hunn déi déi schaffen e seriöe Mobile fir streiken ze wëllen; sief et d’Educateuren, d’Proffen, d’Leit vun der HORESCA…Just op enger Plaz hunn si et elo duerchgezunn an zwar waren dat d’Salariéen vum Auto-Mobile Club.

De Budget ass duerch: No engem laangen Dag wou am Parlament iwwer de Budget diskutéiert gouf si verschidden Deputéiert vum Krautmaart op de Chrëschtmaart gaangen. D’Majoritéits Deputéiert si ferm attackéiert ginn während den Debatten well si ze vill séier spuere wëllen. Um Chrëschtmaart hunn d’Gambia Deputéiert sech verbrannt wéi si och do „ze séier wollten d’Käschten an d’Hand huelen“

AUDIO: Flunkernews 44/12 vum Serge Olmo

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...