Deen e bësselchen anere Réckbléck op d'Joer ...

Accident bei de Luuchten- a Pneuekontrollen: E Polizist gouf blesséiert, wéi hien engem däitsche Chauffeur seng Luuchte kontrolléiert huet. Nodeem hien "Standluuchten" geruff huet, wollt hien "di normal Luuchten" gesinn an dono huet hien "Pharen" geruff. Den däitsche Chauffeur ass deemno gefuer an huet de Polizist op d‘Schëpp geholl.

AUDIO: Best of Flunkernews 2014 mam Serge Olmo

Clownephobie - vill Attacken ëm Halloween: Et ass a villen Aquariume festgestallt ginn, datt besonnesch an der Woch vum 31. Oktober komesch aggressiv Fësch aner Fësch ugegraff hunn, wat fir Panik gesuergt huet. Et ass elo erausfonnt ginn, datt et Clownefësch waren.

Allerhellgen: Wann ee stierft, dann ass dat, wéi wann een en Aller-Ticket fir de Jensäits géif huelen ouni Retour. Vläicht heescht dofir dee Feierdag Aller-Hellgen.

SMS-Affär am September am Familljeministère: D’Ministesch Corinne Cahen krut jo fälschlecherweis eng SMS vum Ex-Minister Marc Spautz, déi un de Pierre Jaeger sollt goen. Dat ass net ze verstoen, well Cahen a Jaeger si jo am Handyrepertoire wäit auserneen. Anscheinend hat awer de Marc Spautz de Pierre Jaeger ënner "Chasseur" gesaved; da si Cahen a Jaeger am Repertoire ganz no beieneen …

D'Kierchesteier kënnt: D’Kierch muss an Zukunft fir sech selwer opkommen, wahrscheinlech mat där Steier. De Jesus ass jo vum Doud zeréckkomm. Ass et dowéinst, datt déi Steier un den « Impôt sur le revenu » gekoppelt kinnt ginn?

D’Chrëschte grille gären: Zu Wolz gëtt um Wee fir bei d’Notre-Dame vu Fatima vill gegrillt. Et gëtt awer och no Péngschten zu Iechternach op der Sprangprëssessioun gegrillt. Den Ënnerscheed ass, datt well et d’Spangprëssessioun ass, do e Schwenkgrill geholl gëtt. 

Ried zur Lag vun der Natioun: Fir di wichtegst Declaratioun vum Joer hat Ufank Abrëll eise Premier net ee vu senge berühmte Foularden un mä eng Krawatt. Et war jo net "d’Ried zur Fou-lard vun der Natioun".

Paleontologie: Et goufe jo Ënn Mäerz Fossilien als Reschter vun Dinosaurier no bei Miersch fonnt. Soss war di Uertschaft wéinst aneren Déiere bekannt an zwar wéinst de Miersch-schwéngerscher. An Zukunft wäerte mer da vu Miersch-saurier schwätzen.

Nowéie vum Fueren op den auslänneschen Autobunnen: Wann een hei zu Lëtzebuerg iwwer Wochen e puer dausend Kilometer fiert, dann ass de Pare brise nach zimlech propper. Wann een aus dem Ausland zeréckkënnt an do stonnelaang iwwert d’Autobunne gefuer ass, dann ass de Pare brise voll vu futtisse Mécken. Den Auto geet zwar nach gutt, mä et huet een trotzdem e méck-anesche Problem.

Den Arbitterspray gouf op der WM vill diskutéiert: Wéi d’Arbitter eng Linn gezunn hunn, wou d’Spiller sech beim Fräistouss hannendru gestallt hunn, huet een ni gesinn, wat nom Fräistouss mam Stréch geschitt ass. Et hu sech an de Sozialnetzer vill Leit opgereegt, well d'Tëlee ni gewisen huet, ween herno di gréng Faarf iwwer di wäiss Linn gesprayt huet.

Fall vun der Berliner Mauer: Viru 25 Joer um 9. November war dat en enormt Zeeche vu Fräiheet. Firwat maache mer dann am Football grad eng Mauer bei engem Fräi-stouss?

Wanterpaus: Firwat ass bei eis am Football eng vill méi laang Wanterpaus wéi soss an Europa? D’Wieder war dach bis elo an der Rei. Dat beschte Beispill ass, datt d’Futsal-Veräiner bis virun e puer Deeg nach dobaussen trainéiert hunn.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...