
Bankgeheimnis opgehuewen: Vum Januar 2015 u gëtt et kee Bankgeheimnis méi fir déi Leit, déi net zu Lëtzebuerg wunnen. Wann di Leit, déi a Fro kommen, net am Grand-Duché heiheem sinn, firwat gëtt dann vu Bankge-heim-nis geschwat?
D’ABBL hat elo kuerz annoncéiert, op di ganz Räich ze setzen: De Chef vun der Associatioun vun de Banken a Banquieren huet dat der Noriichtenagence Dpa matgedeelt. Wann een 20 Joer bei der ABBL schafft, kritt ee mëttlerweil do keng Aarmbandauer méi, mä eng Räichbandauer.
Poliziste vill kritiséiert an den USA: D’Poliziste maachen ze vill tragesch Feeler virun allem géint Afroamerikaner. D’Ausriede sinn ëmmer déi selwecht. Si soen, si hätten net gutt gesinn. Wann also d’Polizisten an den USA soen "D‘Hänn an d’Luucht", da wieren d’Leit gutt beroden, hir Hänn op eng beliichte Plaz ze halen.
Wirtschaftsvisite an Asien am Hierscht: Et ass zimlech evident, datt de Wirtschaftsminister Schneider den Haaptmann war an hien d’Finanze während der Rees geréiert huet, virun allem a Japan. Di Roll läit dem Et-Yen Schneider ebe gutt.
Attentat op d’Queen verhënnert Ufank November: D’Elisabeth ass jo bekannt fir ëmmer en Hutt, oder op Englesch "hat", unzehunn. Kee Wonner, datt déi, déi en Attentat wollte maachen, Sympathisanten vum Dji-hat waren.
Visite am Vatikan: Eng Woch nom Barack Obama ass di englesch Queen bei de Poopst op Visite komm. Eng Woch nom Obama, sote béis Zongen, wier et elo un der Visite vun der OBoma.
De Poopst op Visite am Hellege Land: Hie wollt onbedéngt zu Jerusalem op den Uelegbierg. Wann ee weess, datt Olio op Italienesch Ueleg heescht, dann ass et net iwwerraschend, datt de Poopst Berg-olio op den Ueleg-bierg wollt goen.
Dronen iwwer verschidden Atomzentralen am Frankräich: Di Drone sinn och iwwer di geféierlech Zentral vu Cattenom geflunn, wou et dacks Fuitte ginn. Vu datt di Drone beim Iwwerfléie vun den Zentralen cancerigènë Substanzen ausgesat goufen, ass et kee Wonner, datt eng Drone ausgesäit wéi d'Stärzeeche Kriibs mat sengen ville Pincen.
Staarke Gilles Muller: Eisen Tenniscrack, dee jo vu Schëffleng ass, hat dës Saison e puer Tournéier gewonnen, och zu Recanati an Italien. Recanati ass bekannt an Italien wéinst der Industrie déi kleng- a grouss Booter hierstellt. Kee Wonner, datt sech e Schëff-lenger do wuel gefillt huet.
Paris-Roubaix, de Cancellara war nees Favorit: De richtege Spartacus, nodeem de Cyclist benannt gëtt, kënnt aus der fréierer Regioun Thrakien op der Balkan-Hallefinsel. Hie war deemools dee bekanntsten Thraker. No senge gudde Resultater war och de Cancellara dës Saison wäit de bekanntsten Trek-er.
Di verschidde Mailloten am Tour: De bekanntsten ass natierlech de Maillot Jaune. Wichteg ass och de Maillot Vert. An den héije Bierger hunn d’Coureure meeschtens de Maillot ganz op. Et misst dru geduecht ginn, nieft dem Maillot Vert, fir déi bescht um Bierg, de Maillot Ou-Vert ze verdeelen.
WM a Religioun: Virun der Parti Südkorea géint Algerien um 26. Juni goufen et an der gréisster brasilianescher Stad Diskussioune bei den algereschen Fans, well dës Problemer haten, esou z’iessen, wéi hir Religioun et virgesäit. Et ass net evident fir « sans porc » z’iessen zu « Sau » Paulo.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...