Eng national Noriicht: An engem Lycée an der Stad gëtt dru geduecht keen Ofschlossfest méi ze maachen an dat fir ze spueren. D'Studenten kënnen
hiren Premières-Diplome elo mat Hëllef vun engem Code op en Automat siche goen. De Lycée ass den éischten mat engem Diplome-Mat.

Informatik: Apple entwéckelt anscheinend e neie Computer mat speziellen Tastaturen fir mat den Féiss ze tippen. Vläicht denken d'Leit dann éischter drun, hiren Text ze ''zéiwen''.

Lowcost: Ryan Air ass jo bei de Fluchgesellschaften eppes wéi e Fast-Food Restaurant an der Restauratioun. Et ass bëlleg an et geet séier.
Inspiréiert vun den Drive-Innen probéieren si elo bei Ryan Air e Fly-Inn ze testen.

Economie: A Spuenien reegen sech di räich Corrida Proprietairen op well si ganz vill un de Fisc musse bezuelen. Si sin elo richteg stuur a wëlle keng Stéiererklärung méi maachen.

Nach eng Sport-Informatioun: Am Tennis ass jo gewosst dat een eigentlech net vill schwätzen däerf während dem Match. E Match geet dofir jo och nëmmen iwer maximal 5 Sätz.

De nächste Flunkernewsblock kennt ganz geschwënn, vläicht stëmmt dat wéinstens...