Neit Gesetz direkt applizéiert: Dat éischt homosexuellt Bestietnes gouf um éischt méiglechen Dag gefeiert. De Jean O. an den Henri H. hu sech d’Jowuert ginn. Di Hochzäit war bal esou mediatiséiert wéi déi vun eisen 2 leschten Grand-Ducen. Am Fong hunn si jo och deenen hire Virnimm…

Prënz Andrew: De britesche Prënz, dee Fan vum Golfspillen ass, gëtt accuséiert Sex mat engem mannerjäregen Mädchen gehat ze hunn. Duerch säi Sport intresséiert hie sech jo fir di 18 Lächer awer anscheinend och fir d’Lächer vun deene déi manner wéi 18 sinn…

Rallye Dakar: D’Piloten sinn dacks bis méi spéit an der Nuecht ënnerwee. Si mussen onheemlech vill drénken well si duerch ganz drëschen wüstenähnlech Landschafte fueren. Deen, dee wann si owes ënnerwee sinn, näischt drénkt ass de Raoul-ye.

The Interview: Nodeem d’Satire iwwer de Nord Koreanesche Diktator publizéiert gouf, goufen et Cyberattacken op Amerika. Laut Koreaneschen Legenden war e „Bier“ fir den Ursprong vum Land responsabel. Et ass awer keng Legend datt  de Nord Koreanesche „Bier“ den Amerikaneschen Internet wollt „hacken“ an hire President „Bärhack“ Obama.

Course géint Zäit um Mier: Mer ware gewinnt Coursen ze gesinn wéi d’“Route du Rhum“ oder de „Vendée Globe“ wou e villgesponsorten Skipper, ganz eleng op engem ganz moderne Bot vun Europa a Richtung Süden rennt. Mat de ville Schëffer mat Flüchtlingen ginn et tragesch Course géint Zäit, mat strubbelvollen ale Booter ouni Kapitän a wou d’Passagéier deier musse bezuelen fir aus Richtung Süden onbedéngt an Europa wëllen ze kommen.

AUDIO: Flunkernews 1/15 vum Serge Olmo.

De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn vläicht stëmmt dat wéinstens mä virun allem „JE SUIS CHARLIE“.