Vakanzefoire: Aus Aktualitéitsgrënn gouf de Stand, wou Vakanze mat Trainingsunitéiten a Syrien an an Irak ugebuede goufen, kuerzfristeg annuléiert.

Djihadisten Campen: Wann et scho sollen esou Campen ginn, da sollen di Jonk do geléiert ginn ze molen an kritesch ze schreiwen, fir mat Bläistëfter a Faarwen anerer unzegräifen.

Risen Ego: Et gouf vill de Geck mam Nicolas Sarkozy gemaach, well hie sech esou virgedréckt hat op der historescher Marche Républicaine. Hien ass därmoossen op sech fixéiert. Hien huet esouguer gemengt, datt hei fir an Däitschland zu sengen Éieren, den Dag drop, eng Manif organiséiert gouf an zwar d’Sark-gida.

Weider Attacken: De leschte Sonndeg war och an Däitschland eng Attack géint Press, allerdéngs Gottseidank awer net esou tragesch. D’Hamburger si meeschtens mat Rëndfleesch gemaach, also ass dat kee Problem fir verschidde Religiounen dës z‘iessen. Firwat gouf da grad d’Hamburger Morgenpost vun Djihadisten attackéiert?

Et brennt: Den Imam vu Mamer wollt de Journaliste virun e puer Deeg eng Charte proposéieren, fir datt an de Karikature soll d’Religioun erausgeholl ginn. Dat huet nees e bëssen Uelech op d’Feier geschott. Eigentlech sollten d’Imamer d’Situatioun berouegen an verhënneren, fir datt Feier opkënnt. Dat wier besonnesch ubruecht fir d’Imamer Pompjeeën.

AUDIO: Flunkernews 2/15 vum Serge Olmo

De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn vläicht stëmmt dat wéinstens mä virun allem  „JE SUIS CHARLIE“.