Politik: Verschidde Politiker probéieren, der Polemik iwwer d'Gëlle Fra de Wand aus de Segelen ze huelen. Et gëtt elo gesot, datt d'Gëlle Fra vun hirem Sockel geholl gouf wéinst dem Stuerm vum leschte Sonnden an net fir se op Shanghai ze féieren.

Nowéie vum Stuerm: Nom Stuerm hat ech owes spéit en Daachdecker geruff, well et bei eis era gereent huet. Den Handwierker ass net komm mat der Argumentatioun, hie wier Daach-decker an net Nuets-decker.

Musik: Et gëtt eng Band, déi ganz vill Jonker dozou bréngt, Zelter opzeriichten. Bal virun all Concert gëtt et e wëlle Camping.
Komescherweis heescht di Band jo awer grad Tokio Hotel.

Fraendag: Den 8. Mäerz ass internationale Fraendag. Et ass zwar de Combel, datt um Kalenner e männlechen Hellegen gefeiert gëtt, an zwar de Jean de Dieu.

Nach eng Sportnoriicht: Beim Stuerm vum leschte Sonnde gouf de ganze Footballprogramm annuléiert. Also hunn d’Leit op den Terraine keng Stiermer gesinn.

De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens...