Solidaritéit: Eis däitsch Nopere sinn och sensibiliséiert a wëllen der Dikrecher Brauerei hëllefen. Fir nach vum leschte Schnéi ze profitéieren wëlle si e Solidaritéits-Bier-Athlon organiséieren.

Beruffswelt:
A verschiddene Beruffer ass et onheemlech wichteg, fir aus dem Auto kënnen ze telefonéieren. Ee Beruffstand kritt d’Freisprech-anlag gratis installéiert an zwar sinn dat d’Riichter ...

Economie:
Bei eis am Land maache leider vill Entreprisen zou, obwuel se Boni maachen. Sou soll och elo e grousse Fitnessstudio seng Dieren zoumaachen trotz groussem Pro-Fit.

Religioun:
De Benedikt de XVI. wëll net, datt een allgemeng d’Kierch ugräift wéinst den Abusen vu Paschtéier géint kleng Kanner. Senger Meenung no vergläicht een Äppel mat Biren. Hien misst et wëssen; hien ass jo Po-obst.

Sport:
Et ass decidéiert ginn, dat bei den nächsten Olympesche Wanterspiller de Biathlon di lescht Epreuve gëtt. Hei kënne se dann direkt di 5 Reng symbolesch ofschéissen.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...