
Lokales: Zu Dikrech um Härebierg wollt en Zaldot mat sengem Panzer tanke goen. Hie krut awer kee Sprit, well hie keng Tank-kaart hat.
Musik: Et gëtt am Hardrock eng nei Band, di enorm vill Succès huet. De metallesche Sound vun dëser indescher Band huet ëmmer méi Fans. D’Band heescht iwwregens Mittalica.
Naturkatastrophen: D’Stierm vun de leschte Wochen hunn immens vill Leit onglécklech gemaach. Et ass engem net méi fir ze laachen. En tropesche Wirbelstuerm gëtt also net méi Zyclown genannt.
Religioun: D’Kirch geet jo ganz dacks guer net mat hirer Zäit. Et gëtt awer a Frankräich eng modern Poar, wou di Gleeweg mat enger SM-Messe an d’Mass invitéiert ginn; et gëtt do esouguer un e Projet FaceBibel geduecht.
Sport: Et hu sech zwee Gewiichtshiewer bestuet. Wéi si aus der Kierch koumen, hunn hir Sportkollege keng kleng Stécker Papeier an d'Luucht geheit. D'Gäscht wollten di 2 déck Leit net beleidegen mat Kon-fetti.
Lauschtert d'Flunkernews vum Serge Olmo
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...