Lokal Economie: Et gëtt driwwer geschwat, datt Lëtzebuerg en eegent Gefier soll produzéieren. Et soll ee Killwoon ginn mat Allrad . Et gëtt dat den éischten Fréier Mol Fréier.

Soziales: D'Bréifdréieschgewerkschaft ass géint Postshops an Interimairen. Et ka gutt sinn, datt dëst Joer gestreikt gëtt a während e puer Deeg keng Bréiwer ausgedeelt ginn. Et gëtt wahrscheinlech am Sep-timber gestreikt.

Kommuniounen: Traditionell sinn zu Lëtzebuerg d'Kommuniounen am Abrëll. Et geet een do ganz vill an deier Cadeau kafen. Et muss am Abrëll sinn, well de Mount drop si schon d'Mai-Käfer ënnerwee.

Kommunikatioun: Et ass endlech duerchgesickert, firwat de GSM och Han-dy genannt gëtt. Et ass, well "d'Antenne" mat dem ganzen Apparat "an d'Hänn" passt.

Sport: Et gëtt vill iwwer en neie Footballstadion geschwat a bal guer net iwwer e Velodrome. D'Vëlosfederatioun freet sech, ob et net besser wär, en Hypermarché bei de Vëlodrome viirzegesinn, fir datt den Dossier nees an d'Aktualitéit kënnt.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...