Lokales: En éierleche Kach vun Esch huet sech geflass fir fir den 31.3. seng Steiererklärung eran ze schécken. Hien huet och all d’Geheimnisser vu sengen Spezialitéiten matginn. Et gëtt jo un de „Bureau de recettes“ geschéckt.

Beweismaterial: An Däitschland gouf jo en CD kaf mat Informatiounen iwwer Steierbedruch. Anscheinend gëtt et elo am Vatikan en CD mat Informatiounen iwwer Pädophilie Affairen am Kader vun der Kierch. Et ass dat en CD-Rome.

Italien: Trotz korrekte Resultater fir de Silvio Berlusconi bei de leschten Wahlen, fällt op dat di Leit déi him no stinn, net fir hien wielen. Et ass dat de Fall well verschidde vu sengen Frëndinnen nach net al genuch si fir hier Stëmm of ze ginn.

Frankräich: De Staatsrot ass géint de Verbuet vun der Burka déi vill moslemesch Fraen unhunn. En inoffizielle Grond ass dat d’Burka eng ganz gutt Protectioun géint d’Iwwerdroen vun der Schwéngsgripp ass.

Formule 1: Felicitatiounen un eise Gerard Lopez. Munchereen den net am Sport dran ass mengt dat den Escher beim Personal spuert well hien, wéi vill aner Transportfirmaen, mat engem Russ an engem Pol zwee Chauffeuren aus dem fréieren Ostblock engagéiert huet.

De nächste Flunkernewsblock ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens...