Ouschterurgencen: Fir Ouschteren gouf eng Telefonsnummer aktivéiert fir alles wat mat Eeër ze din hat: verstoppten Eeër déi een net méi erëmfënnt, sech verschlécken mat Eeër answ.
Et war dat den Honnert Ee-lef vun der Prot-eggs.

Technik:
D’USB Schlëssel sinn u sech di 2. Generatioun vun dem informatesche Support. Di éicht Generatioun gouf quasi nëmmen an Amerika benotz an huet demols USA Schlëssel geheescht.

Benedikt de XVI: Wat en onglécklechen Zoufall mam Poopst sengem Numm. 16 kënnt vun Sex-decim aus dem Latäin an Six-teen aus dem engleschen wat de Moment onglécklech ass, well et een u Sex an Teenager erënnert.

Fëmmverbuet: Elo wou d’Wieder besser ass, sti vill méi Leit an de Restauranten op fir eraus fëmme ze goen. Wann dat an de Restauranten vu groussen Tankstellen ass, ass dat bestëmmt méi geféierlech fir d’Gesondheet wéi dobannen ze fëmmen.

Sport-Aktuell: Mat der Ouschtervakanz ass d’Touristesaison ugaangen. Wann een Week-end fir Week-end gesäit wéi verschidden auslännesch Spiller, déi gutt verdengen, iwwer den Football-Terrain spadséieren, huet een d’Gefill wéi wann d’Touristen-Saison schon méi laang am Gaangen ass.

De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens...