
Lokales: D’Biologisten si vill gefrot fir di ekonmomesch Krise an de Grëff ze kréien. Si probéieren méi kleng a méi bëlleg Nësszorten ze ziichten dëst virun allem ënnert dem Drock vun der Tripratite déi jo méi kleng Käschte fuerdert.
Technologie: Et ginn elo schon deier 3 D Brëller verkaf fir d’Tele zu kucken obwuel et nach keng 3 D Programmer ginn. De Kombel vum Pesch ass dat d’Televisiounen elo mëttlerweil ganz platt sinn; emol déi kann een net an 3 D kucken.
Moud: Am Frankräich heescht jo di bekanntst chique Sportkleedermarque Lacoste. A Portugal gëtt et elo eng Filiale vun där Marque. Si heescht Da Costa.
Gesellschaft : Et ass scho am gaangen mam sammelen vu PANINI Abzebiller. Di richteg Fans si net déi déi di duebel Abzebiller tauschen mee déi déi di voll Albumen tauschen.
Sport: Den Tiger Woods huet virun 13 Joer säin éichte Tournéier zu Augusta an Georgia gewonnen. Mat dem Optakt ass et kee Wonner dat hien esou vill Affäre mat Fraen hat.
De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens...