
Lokales: Viru kuerzem war jo an der Péitruss d'Duck Race. Ronn 9.000 plastiks Inten sinn um Waasser geschwommen an dat fir de gudden Zweck. Ënner anerem war den Erléis fir d'Fondatioun "Canard Schlass".
Justiz: De Franck Ribéry ass matten an engem Sexskandal. De Ribéry hat gemengt, hie wier a sengem Bayern-Kolleg Miroslav Klose sengem Haus. Hien huet also just e Cabaret mat der "Maison Klose" verwiesselt.
Stëbswollek: Dat eenzegt Positiivt vun der laanger Paus ouni Fluch ass, datt um Sprit gespuert gouf. Obwuel Kee-rosen gebraucht gouf waren se all-rosen.
Octav: De Weekend ass an der Kathedral di feierlech Erëffnung vun der Muttergottes-Oktav. Verschiddener, déi sech net gutt auskennen, hate beim Ubléck vun der Muttergottesstatu gemengt, d'Gëlle Fra wier zeréck.
Sport: Tëscht Charleroi an Huy hunn d'Metzler duerch d'Wallonie eng Vëlos-Course organiséiert. Wann et an der Profiscourse keng Lëtzebuerger Victoire gouf, huet awer e Lëtzebuerger Metzler d'Fleesch Wallonne gewonnen.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...