
Gewerkschaften: Nom Echec vun der Tripartite gesi sech d'Leader vun de Gewerkschaften zu Féiz op der Bowling-Pist, fir weider Aktiounen ze plangen. D'Chancë si ganz grouss, datt et e Strike gëtt.
Gerichtsaffär: Den Här Theim aus der Stad krut no engem lange Prozess Recht zougesprach. Di englesch Justiz huet decidéiert, datt hien d'Suergerecht fir säin Neveu kritt. De Verdikt: Theim is Monni.
Bancomat: En däitschen Entrepreneur wollt Suen op engem Bancomat ophiewen. Wéi hie keng krut, huet hie sech beschwéiert, datt d'Lëtzebuerger eppes géint d'Entreprisen hunn, well um Bancomat "Ausser Betrieb" stoung.
Fréijoersbaler: Oldie-Partyen sinn in, dat wees och eise Premier. Mee de leschte Versuch, sech mat Castegnaro, Berg, Mart, Santer a Kinsch ze treffen, huet net vill bruecht. D'Oldie Party-ite konnt leider di schlecht Stëmmung net retten.
Sport-Medizin: Dës Woch ass konfirméiert ginn, datt esouguer di homosexuel Top-Sportler kee Blut spenden dierfen. Dat ka jo net sinn. Sinn hier Bluttkierpecher anescht? Ass do vläicht homoglobine dran?
Lauschtert d'Flunkernews vum Serge Olmo
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...