Lokales: E Kolleg krut en Ticket fir di grouss Ausstellung déi de leschte Week-end hier Dieren opgemaach huet. Hien ass voller Begeeschterung op Shanghai geflunn a war enorm enttäuscht wéi hien do gemierkt huet dat hien en Ticket fir d'Luxexpo hätt.

Soziales: Zanter Méint schwätzen di ex Arbëschter an ex Employéen, also d'Salariéen, just iwwer ee Monument an zwar iwwer d'Gëlle Fra. Et
kinnt ee mengen si wär d'Statut unique.

Finanziell Crise: Och de Vatikan wëll de Griichen finanziell ënner d'Ärm gräifen. De Pape Benoît wëll sengen Confrèren Staatschefen  Pape-Andréou an
Pape-Oulias hëllefen.

Terrorismus: D'Amerikaner fäerten dat et an Zukunft nees Attentater vun Al-Qaida an den USA kinnt ginn. Just ëmm de Staat Allah-bama maachen si sech keng Suergen.

Football: Den F91 an d'Fola vum Gerard Lopez, de jo Proprietaire ass vun der Formule 1 Écurie Renault, sollen eventuell fusionéieren. E Numm vum neie Klub kinnt "F1 a Nonzeg" sinn.

De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...