
Nationales: Den ING Marathon ass en nationale Megaevent. Et ass eigentlech normal, datt eng Bank de Laf sponsored, well d'Cliente jo e Compte courant hunn.
Technik: Vue datt d'Kirch de Moment an engem schlechte Liicht steet, huet si d'Firma Apple gefrot, fir hiren Image ze moderniséieren. Elo kënnt deemno geschwënn en iGod op de Marché.
Festival vu Cannes: Et gëtt schonn e klenge Skandal op der Croisette; de President vum Jury sot anscheinend engem Paparazzi : "Du Cannes mech emol".
Traditioun: Op Christi Himmelfahrt ass jo zu Woltz eng riseg Prëssessioun, majoritär mat Portugisen, fir u d'Muttergottes ze denken. Ass dat kee Widdersporoch? Et gëtt vu Mutter-gottes geschwat, déi awer zu Vati-ma gesi gouf.
Sport: Et ginn ëmmer méi Reesen gebucht fir an den Tour de France an et ginn och vill Promotiounen. An enger Mondorfer Agence kritt ee pro Etapp 3 Stonne gratis an d'Iesse kascht maximal 2 €. Et muss een awer e Schleck-Service hunn.
Lauschtert d'Flunkernews vum Serge Olmo
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...