
Fluchproblemer um Findel: D’Äschewollek ass fir d’Experten nach ëmmer e grousse Problem. Si fäerten nämlech, datt d’Fliger sech géifen Cr-Äschen.
Championsleague-Finale: Vue datt et bei béide Finalisten drëms goung, den Triplé ze realiséieren, gouf d’Finale zu Ma-dritt gespillt.
Pëtrolspescht: BP huet vill Déieren am Golf vu Mexiko verknascht. Am Frankräich gëtt et elo fir d’Baueren an enger BP-Tankstell eng Maschinn, wou d’Déieren a besonnesch d’Kéi gewäsch kënne ginn. Et ass eng Vacheanlag.
Groussbritanien: Den Ex-Premier Gordon Brown hat eng gutt Ausried, fir sech no der Néierlag bei de Wahlen ganz rar ze maachen. Hie sot, hie wär krank an hätt eng Brownchite.
WM: D’Fransousen hu 24 Spiller am Stage. Et däerfen awer nëmmen 23 Nimm zeréckbahale ginn. Den Domenech ass schlau a mengt, hie kinnt 24 Spiller mathuelen. Den Thierry Henry géif net zielen, well hie kee Numm huet, mä 2 Virnimm.
Lauschtert d'Flunkernews vum Serge Olmo
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens...