
Fest vun den Noperen: Et ass dat eng relativ nei a flott
Initiative, déi hiren Ursprong a Korea huet. D'Fest war dohannen awer kee Succès, mir gesinn jo de Moment d'Konsequenzen.
Sprangprëssessioun: Fir de ganze Wee mat ze sprangen, mussen d'Pilger ganz comfortabel Schung hunn. Obwuel dat net immens zu der
Manifestatioun passt, haate vill Leit Schung vun der
héichwäerteger Mark Mephisto.
Sport a Religioun: Iwwer 8.000 Participante waren um ING-Marathon wéi och zu Iechternach op der Sprangprëssession. An der Abteistad goufe
Sue gesammelt fir de Kenia an Äthyopien; um ING-Marathon hunn di afrikanesch Leefer selwer Sue gesammelt.
WM - de Countdown leeft: Elo kënnt geschwënn di Zäit, wou ee gefrot gëtt, vu wéi engem Land dat dann de Fändel ass, wann ee just säi Bettgedecks um Fënsterbriet wëll lëften.
Tour de Luxembourg: De 6. Juni kënnt den Tour de Luxembourg a säi 'Maillot Or' an der Stad un. Wann d'Gëlle Fra jo de Moment net hei ass, da gëtt en nächste Sonnden de gëllene Mann gefeiert.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens...