Gemengepolitik: D’Barragematcher si jo am Schluss vun all Football-Saison am Mëttelpunkt. Et huet eng Gemeng sech gemellt, fir datt d’Barragematcher di nächst Joeren bei sech gespillt solle ginn. Et ass dat Esch/Sauer.

Resolutioun géint Israel an Enthalung vun der ADR: 2009 hat d’ADR vill Stëmme krut hei vir am Osten, besonnesch zu Manternach. Well d’Partei do gutt ukënnt, wollt si keng Resolutioun géint den Noen Osten stëmmen.

Eurovisioun: Vill Leit an Däitschland suivéieren dee Concours scho zanter Joerzéngte net méi. Si sinn awer frou dat d'Nena gewonnen huet mam Lidd "99 Satelliten".

Moto a Vëlo: Et gëtt gesot, datt de Fabian Cancellera e mini Moto op sengem Coursevëlo soll gehat hunn. Elo gëtt och vum Motostar Valentino Rossi gesot, hien hätt kleng Pedallen op senger Grand-Prix-Maschinn gehat an hätt heiansdo diskret pedaléiert.

Doping Problematik: De Cyclist Alejandro Valverde ass wéinst Doping fir 2 Joer gespaart ginn. Et ass dat di bescht Preparatioun fir den Giro ze wannen. Den Ivan Basso, Vainqueur vun 2010, gouf jo och am Joer 2007 fir zwou Saisonen gespaart.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...