
Accord vu Schengen: Di 25 Joer vum historeschen Accord ginn an de nächsten Deeg gefeiert. Mam Accord vu Schengen gounge jo d'Grenzen an Europa lues a lues op. Komesch, datt grad elo d'Schleisen op der Mousel zou sinn.
Mammendag um Sonndeg: Dat ass gutt gefall, well domatter si vill Fraen dëse Mount wéinst der WM wéinstens 1 Dag am Mëttelpunkt, besonnesch
well e Sonndeg de Match vun eisen däitschen Noperen eréischt owes méi spéit ass ...
Tour de Luxembourg: Et gëtt eng Busentreprise, déi mat Fans vum Armstrong nach emol d'Etappe vum Tour de Luxembourg fiert. Et ass dat d'Entreprise Sales Lance.
WM: D'All Blacks, d'Rugbyequipe aus Neiséiland, wollt spontan d'Kollege vum Fussball ënnerstëtzen. D'Hotelle sinn awer all besat a si krute keen Appartement. Fir d'All Blacks ass et eng nei Form vun Appart-heid.
WM-Lidd: D'Shakira, eng Kolumbianerin, séngt jo di offiziell Hymne. Si hunn eng Interpretin geholl aus engem Land, wat sech net qualifizéiert huet. Domatter klammen d'Chance vun eise Sänger; mir wäerten eis jo esoubal net fir eng WM qualifizéieren ...
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...