Lokales; ILRES-Ëmfro iwwert d’Wahlen an der Belsch: D’Pompiere sinn dee Beruffsstand, deen am meeschten dofir ass, datt Flandern autonom soll ginn. Et ass am Fong normal, dat d’Pompiere fir d’Flam-männer sinn.

Berlusconi a Justiz: De Berlusconi krut e Protekoll, well hie säin Auto virun eng Garage geparkt huet. Schlussendlech gouf awer de Proprietaire vun der Garage accuséiert, datt hien hannert dem Berlusconi säin Auto eng Garage gebaut huet.

Pëtrolspescht: Et ass mëttlerweil esou vill Pëtrol am Golf vu Mexiko, datt BP elo nees Profit wëll maachen an driwwer nodenkt, wéi een dann dat knaschtegt gesalztend Waasser aus dem Pëtrol kritt.

Formule 1 géint d’Corrida: Den nächste Sonnden ass e Grand-Prix a Spuenien. D’Equippen si sech eens, fir géint d’Corridaen ze manifestéieren. Besonnesch de Sebastian Vettel a de Marc Webber wëllen d’Stéieren retten op hirer "Rett Bull".

WM a Gesondheet: Virum WM-Tournoi sinn natierlech all d’Spiller beim Dokter passéiert. Di südafrikanesch Spiller hu bal all serieux Gehéierschiet a si sin esouguer bal daf. Et ass bestëmmt wéinst de Vuvuzelaen, wou d’Dafana Dafana geplot sinn.

Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...