
Katalounien gëtt gären onofhängeg: D’Majoritéit wëll sech hei separéieren vu Spuenien an dem Kinnek Felipe. Wann bei eis en Deel vum Land sech géif vun eisem Monarch Henri trennen da wieren dës och fir d’Onof-Heng-eschkeet.
Skandal am Kontext Luxleaks : Op der Säit déi gefeelt huet am ominéisen Rapport un d’EU, ass et haaptsächlech iwwer Rulings gaangen. De Pierre Moscovici, Kommissär vun den economeschen Affairen, setzt Lëtzebuerg permanent ënner Drock wéinst dëse Rulings. Säi Virnumm heescht jo Steen op englesch ; muenchereen nennt hien Ruling Stone.
Fraequote: Bei eis ass jo an der Politik d’Fraequote bei de Wahllëschten decidéiert ginn. Am amerikaneschen Staat Georgia ass jo dës Woch eng Fra exekutéiert ginn. An Amerika sinn si also am Gaangen eng Fraequote bei der Doudesstrof ze maachen.
Fändel bei der UNO: Den Mahmout Abbas, President vum Palästinenseschen Staat, konnt feieren well Palästinien dëse krut. Obwuel heiwéinst d’Schampesstëpp geflu sinn, gi si awer net als voll-wertegen Member ugesinn. Well si net voll-wertesch sinn ginn sin als Paläs-abstinenser betitelt.
FIFA-Skandal: De Messi soll e Monatsloun vu ronn 34 Milliounen € kréien, de Ronaldo vu ronn 27 Milliounen €. De Michel Platini soll 1,8 Milliounen € kritt hunn vum Sepp Blatter fir 3 Joer Aarbescht. De Skandal ass also fir FIFA Verhältnisser dat den UEFA President nëmmen esou wéinesch krut.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...