Solidaritéit zu Lëtzebuerg: Verschidde Gemengen an och Käerjeng hunn annoncéiert Flüchtlingen aus Syrien op ze huelen. Allerdéngs werten dës e wéineg erféieren wann si héieren datt si grad op Bachar-rage sollen ënnerkommen.

FIFA Geld Skandal: De FIFA President Blatter an den UEFA President Platini si fir 3 Méint suspendéiert. Dat heescht datt si fir Ufank Januar zréck sinn; also grad mat Zäiten fir den 13. Mount ausbezuelt ze kréien…

Neien Tarmac um Findel: Dat huet den Infrastrukturminister decidéiert. Op dem knubbelegen Ënnergrond kinnt eng Bausch-landung wéi zu Saarbrécken fatal Konsequenzen hunn.

Bombardementer : Et ass ganz schwéier géint d’Truppen vum IS, deen ëmmer méi kulturell Site vernicht, un ze kommen. Wéi sollen d’Bombardementer vu Russen, Amerikaner an och Fransousen si perturbéieren. Si bombardéieren nämlech selwer déi Siten déi si eruewert hunn.

Nees en Amokleefer: An den USA ass et eng ganz traureg Gewunnecht datt Leit vun engem Amokleefer ëmbruecht ginn. Natierlech huet datt domatter ze dinn datt d’Waffen fräi verkaf ginn. De President Obama hofft datt dat net méi virkënnt an datt de Killer aus dem Oregon de leschten vun Amok-hoikaner war…

AUDIO: Flunkernews 35/15 vum Serge Olmo.

De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...