
Freedefeier: Den nordkoreaneschen Ambassadeur war dës Woch zu Lëtzebuerg. Hien ass déck rosen, well e leschten Dënschdeg, wéi sech Südkorea fir d'Aachtelsfinalle qualifizéiert huet, iwwerall
Freedefeier geschoss goufen.
Nationalfeierdag a WM: Den 23. Juni gouf eisen Henri gefeiert. Am Frankräich riskéiert den Henry no der Eliminatioun gefeiert ze ginn.
WM: De franséischen Nationaltrainer gouf schlëmm vernannt an zwar: "Va te faire enculer...", sot den Nicolas Anal-ka.
WM op der Aarbecht: Vill Cheffe si cool, wann d'Employéen d'WM-Matcher kucken. Wa si awer op den Horaire vum Mount opschreiwen, dat si 5 Minutte supplément wéilte wéinst der Nospillzäit bei de Matcher, da riskéieren si eng Remarque ze kréien.
Italien ass out: D'Italiener gi gären op d'Terrasse vun de Bistroten, fir d'Matcher ze kucken. Elo ass Squadra Azzura eraus. Viru 4 Joer war et also nach Mat-terazzi elo ass et ouni Terrazzi.
Den nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...