Budget 2016 nees op engem Stick : De Budget den de Finanzminister presentéiert huet ass e Budget vun der Solidaritéit also ee Budget wou een den aneren soll ënnert d’Äerm gräifen. Wann een awer ville Leit soll ënnert d’Äerm gräifen ass et kee Wonner datt een e Stick hëllt…awer vläicht dee Moment éischter en Déostick.

Slowakesch Spiller feieren ze laang : Et gouf am Hotel vun de Slowakesche Spiller nom Lännermätsch quasi di ganz Nuecht no der Qualifikatioun gefeiert. Kee Wonner datt een vun deene Spiller seet si wieren di ganz Nuecht
Slo-wakrech gewiescht.

Flüchtlings-Hotspots : Zu Lesbos a Griicheland sollen dës installéiert ginn. Am Fong ass et normal datt op deene Plazen wou vill Réfugiéen empfaange ginn och vill gekacht gëtt an Damp an de Kichen wäert entstoen. Deemno ass et logesch hei Hotte-spots z’installéieren.

Wanterpneuen : Wann ee bei VW, do wou jo kierzlech d’Softwaren un den Dieselautoen gefälscht goufen, urifft fir 4 nei Pneuen op säin Auto opgesat ze kréien da kann et sinn dat ee gefrot gëtt « Sollen et Pneuen mat Fälschen sinn ? ».

Hausarrest: Nodeem de Pistorius seng Frëndin erschoss huet, gëtt den ex Paralympics Gewënner aus dem Prisong fräigelooss. Vill Leit sinn heiriwwer rosen. Hien gëtt awer am Hausarrest kontrolléiert. Verschiddener wëllen datt hien eng elektronesch Foussfessel kritt.

AUDIO: Flunkernews

De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ..