Rietsradikal: A munchen däitsche Stied ginn et Pegida-Unhänger, déi mat hiren Autoe ronderëm fueren, den Traffik behënneren a rietsradikal Sloganen affichéieren. Grad deene misst een de Führer-Schäin ewechhuelen.

AUDIO: Flunkernews 37/15 vum Serge Olmo.

Moskau: De Bachar el-Assad war elo kuerz zu Moskau. Gesitt Der, Moskau ëmfänkt och syresch Refugiéen ... Allerdéngs krut hien net de Refugiésstatut. Hie brauch deen net, well hie genuch Statuen a Syrien vu sech huet.

Back to the Future och op der Kockelschéier? Um 21. Oktober war et esou wäit. No 30 Joer sinn d’Helde vun dësem Kultfilm an der Zukunft ukomm. D’lescht Joer hat d’Aninka Beck den Tournoi op der Kockelscheier gewonnen. Si gouf awer och elo um 21. Oktober eliminéiert. D’Spillerin wollt och Beck to the Future …

FIFA-Suite vum Skandal: Nom Blatter an dem Platini huet elo och de Franz Beckenbauer en Urteel géint sech. De bekanntste Libero vun allen Zäiten (Libero heescht jo fräie Mann op italienesch) ass vläicht geschwënn de bekannsten agespaartene Mann.

Hackerattack bei der CIA: Hirem Chef seng privat Mail-Adress gouf attackéiert, wat an den USA ganz vill diskutéiert gouf. Vläicht gëtt heiriwwer och e Film gedréint. De Schauspiller, deen dacks CIA-Agente gespillt huet an ideal fir di Roll wier, ass bekanntlech den Gene Hackman.

De nächste Flunkernewsblock kënnt ganz geschwënn. Vläicht stëmmt dat wéinstens ...